Léiw Lieserin, léiwe Lieser,
Ech si frou dat s de haut de Wee bei mech zeréck fonnt hues.
Dräi Wochen no mengen éischte Geschenk fir dech, ass et un der Zäit dat ech dir e weidert klengt Stéck fir däin Achtsamkeetstraining ze ginn. Achtsam an opmierksam liewen heescht d’ Liewen mat all senge Sënner erliewen. Genee dorëm geet et haut. Achtsam iessen. Eisen Alldag bréngt eis oft a stresseg Situatiounen a vill ze oft iesse mer schnell e Maufel tëschenduerch. Schnell e Bréitchen op der Aarbecht, nieft dem PC, Telefon schellt etc an mir hunn am Fong um Enn just den Honger gestëllt. Meeschtens mierkt ee mol nit ob et gutt geschmaacht huet, ob een nit méi giess huet wéi een lo tatsächlech gebraucht hätt…
Ech proposéieren dir mindestens eng Molzecht den Dag achtsam virzebereeden an ze genéissen. De Menu kritt direkt eng ganz aner Qualitéit. Ech erklären dir mol wéi ech doheem kachen.

Ech siche mer e schéint Rezept raus (oder tüftele selwer un engem neie Rezept). Do verroden ech der da schonn e Geheimnis. Well doduerch dat ech di Übung selwer scho laang praktizéieren kann ech mer schonn beim Rezept zimlech gutt virstellen wéi eppes schmaache wäert, oder wéi eng Kraider lo gutt dobäi passe kéinten. Wann et dann sou wäit ass dat gekacht gëtt, leeën ech mer meng Zutaten raus, ech kucken se, taaschten se of, fillen se, richen drun an ech gi respektvoll domat em. Ech kache mat Léift. A gleef mer, dat schmaacht een duerno och. Während dem Kachen huelen ech de Geroch bewosst op, ech wierzen, schmaachen of an ech gi mech net bis dat ech déi ersehnten Geschmacksexplosioun hunn. Mir ass kloer, dat et komesch kléngt, mee wann een e Rezept aus engem Buch hëllt ass dat a mengen Aen just eng Richtlinn. Duerno soll jiddereen eppes Eegenes doraus maachen. Sou ass all Plat eppes Besonneges an Individuelles.
An da kënnt dee Moment um Dësch, wou d’Famill, d’Frënn oder souguer mir eis eleng dohi setzen. E schéi gedeckten Dësch weist schonn dat et e wäertvollen a genossvolle Moment ass. Ech weisen domat dat mir déi Leit déi u mengem Dësch Plaatz huelen, mir wichteg sinn. An wann ech eleng fir mech kachen sinn ech mir och wichteg an ech sinn et mir wäert genossvoll iessen ze dierfen. Fernseh a Radio sollten dobäi ausbleiwen.

E Bléck op e schéin ugeriichtenen Teller invitéiert een, sech de Menu méi genee unzekucken. Eng Kéier ganz déif ootmen an den Doft ophuelen deen engem an der Nues këddelt. Kann ech schonn erroden wéien Gewierz dran ass, oder richt et fruuchteg? Den 1. Bëssen am Mond wëll ech genee sou genéissen. Net einfach drop lass knaen an ofschlécken mee d’Konsistenz fillen, lues knaen. Wat entfaalt sech do fir e Goût? Ass et säfteg, salzeg, séiss oder schaarf. Ass et crèmeg oder fest? Wat léist dee Menu fir Gefiller a mir aus? Erwächt e vläit eng Kandheetserënnerung oder denken ech un déi lescht Vakanz zeréck?
Wann een zu puer ronderëm den Dësch sëtzt ergëtt sech doraus e Gespréich, et ass en immens liewege Moment an et léiert een seng Matmënschen besser kennen, well jiddereen seng eege Gefiller huet. Ass et net wonnerschéin a wäertvoll wann eis Matmënschen hiert Häerz fir eis opmaachen an eis un hirem Liewen, hire Gefiller oder hire Geschichten deelhuele loossen?
Ech lueden dech häerzlech an der di Zäit ee Mol am Dag ze huelen an der et dobäi gutt goen ze loossen. Et ass dobäi nit wichteg dat et e 5-Gänge-Menu ass. Et ass just wichteg et bewosst a liebevoll zouzebreeden an ze genéissen. Mat all denge Sënner.
Bis geschwënn
Marie-Jo