Achtsam Goen – Eng Gehmeditatioun

Léif Lieserin, léiwe Lieser,

Du kenns dat och…di Hetz…
Ech muss nach schnell dëst oder dat erleedegen. No der Aarbecht muss ech nach schnell akafen. Schnell an di nächst Réunioun, de nächste Rendez-Vous… schnell, schnell, schnell. Mee wou lafe mer all nëmmen hin, a firwat?
Wat gewannen ech, wann ech an der Hetz an der Trap stolperen a mer d’Bee briechen? Wat gewannen ech, wann ech um Wee fir schnell akafen ze fueren en Accident hunn? Wann et ganz gutt geet, don ech mer just bësschen wéi, wann et nit sou gutt geet, gewannen ech e Krankeschäin mat dem ech mech bestrofen well ech verletzt sinn, nit maache kann wat ech wëll, mengem Aarbechtskolleg zousätzlech Aarbecht opbrummen a meng ganz Famill aschränken well ee sou laang näischt mat mer ënnerhuele kann. A wann et ganz ellen kënnt, dat wëll ech mer lo mol hei nit ausdenken.
Haut geet et mer em Entschleunegung an dat duerch Achtsamkeet. Ech huelen dech dofir mat en Tour trëppelen. Looss däin Handy doheem oder stell e wéinstens op lautlos, mir brauchen e nit. Mir maache keng Snaps, keng Instagram Story oder wat och ëmmer.
Haut gëtt et richteg cool. Alles wat mer nit brauche loosse mer doheem oder schalten et aus a sinn einfach an Aklang mat der Natur. Ech weisen der wéi ech et maachen a wann s de Loscht hues, an ech invitéieren dech häerzlech et auszeprobéieren, maach mer et einfach no.
Ech genéissen d’Aussicht déi sech mir bitt, richen den Doft an der Loft, fillen de Wand a mengem Gesiicht a loosse mer d’Nuës vun der Sonn këddelen.
Ech spazéieren weider, setze meng Féiss ganz bewosst op a loossen se vun der Feescht bis an d’Zéiwespëtzten ofrullen. Wéi fillt sech dat un? Wat léist dat bei mer aus wann ech sou trëppelen? Ech maache meng Aen zou. Ech héieren d’Vulle päifen, d’Blieder raschelen, d’Waasser fléissen, all d’Geräischer ronderëm mech. Ech ootmen déif an a rëm aus. No wat richt et hei? Ass et Bësch, Gras…?

Wichteg ass et einfach nëmme fléissen ze loossen, nit nodenken wat nach usteet, mee einfach am Moment sinn an deen och bewosst z’erliewen.
Di Übung muss nit éiweg laang daueren, mee du wäers gesinn, wat s de se méi oft mëss, dat s de och Loscht kriss se méi intensiv ze maachen. A mat der Zäit erweidert sech och däi Bléckfeld. Du erblécks Déierespuren, erkenns vläit d’Planzen an d’Beem ronderëm der a kriss Loscht se unzepaken. Textur vun engem Blat méi genee kucken a fillen, d’Schuel vum Bamstamm z’ertaaschten, d’Villercher bestëmmen…
Ech liewen um Duerf, jo, do hunn ech vill Natur ronderëm. Mee di Übung kann een iwwerall maachen. Natierlech ass et an der Natur méi schéin, méi roueg, méi propper…mee wann een an der Stad oder Groussstad lieft, kann een trotzdem mol “Stop” soen an e Gang zeréck schalten. Ok, am Ufank gesäit dat witzeg aus wann een de Fouss bewosst ofrullt, mee et ass jo och just en Deel vun der Übung. Mat bësschen Training kritt een dat och sou hin dat ee nit direkt opfällt. A souguer wann et engem opfällt…wien interesséiert et? Et geet hei just em dech. Et ass däi ganz perséinleche Moment.