Naturresilienztraining

Léif Lieserin, léiwe Lieser,

lescht Joer hunn ech eng Kéier owes op Facebook ronderëm gekuckt an sinn op eng Offer gefall déi mech direkt ugeschwat huet. 8 Wochen Naturresilienztraining mam Myriam Wiot um Erliefnis Baggerweier zu Remerschen. Wéi cool…dat Thema huet mech scho länger interesséiert an ech wor immens frou ze gesinn dat de Cours vum Myriam gehale géif.

Wéi et dunn endlech sou wäit wor an d’Myriam mer seng éischt Fro gestallt huet, wor ech total iwwerfuerdert. Mat Hëllef vun Äscht a Kaarten hate mer d’Himmelsrichtungen op de Buedem geluecht an ech sollt soen wat ech do fillen, wat ech domat verbannen a virun Allem wat ech a mäi Liewen brénge wéilt.

Puhhh…ech hat kee Plang. Di Zäit wor ech zimlech duerch de Wand, onzefridden op verschiddenen Ebenen a mengem Liewen. Ech woust net wat ech a mäi Liewe brénge wéilt. Ech woust just wat ech net mi wéilt.

D’Myriam huet mech duerch seng Coursen geleet an lues a lues ass och d’Laascht bësschen vu menge Schëllere gefall

Mir hunn Gehmeditatiounen gemaach, Perspektivewiessel geübt, Dankbarkeet praktizéiert, Thema Achtsamkeet verdéiwt etc.

An engem vun deene Coursen hunn ech dun dierfen mäi perséinlecht Motto erstellen. Fir dëst z’erstellen hunn ech am Grupp mat enger léiwer Dame a mat Hëllef vum Züricher Ressourcen Modell geschafft.

Ech wëll mäi Motto hei mat dir deelen:

“Ech balancéieren selbstbewosst a mat Liichtegkeet duerch d’Liewen”

Et ass genee dat wat ech hätt kënnten den 1. Dag bei den Himmelsrichtungen äntweren, mee zu dem Zäitpunkt hat ech die Orientéierung nach nit.

Mee wat huet mer de Naturresilienztraining bruecht? Wéi steet um Myriam senger Homepage “Séileflillek”? In der Krise liegt die Kraft. A genee sou ass et. D’Myriam huet mer d’Handwierksgeschier ginn fir mäin emotionalt Immunsystem ze stäerken.

No deenen 8 Wochen wor mäi Fuewelz nach méi grouss ginn. Ech hunn erkannt wéi gutt dat mer deet an ech hunn Thema Resilienz mengersäits weider verdéift a mech virugebild.

Privat hat ech dëst Joer puer ganz schwéier Wochen, mee ech sinn net ëmgekippt. Am Géigendeel, ech sinn immens gestäerkt do raus gaang. An ech hunn endlech och de Mutt fonnt fir mech anzestoen. Privat, berufflech an och a menger Leidenschaft, déi “Fiederliicht” mir bedeit. Mat der Zäit wäert ech hei och bësschen méi zur Resilienz schreiwen.

Bis dohin loossen ech dech des puer Fotoen kucken a vläit hues de jo Loscht der dem Myriam seng Säit mol unzekucken. Ech wënschen der vill Spaass dobäi.

Séileflillek Facebook Säit

Homepage vum Myriam Wiot