Léiw Lieserin, Léiwe Lieser,
schéin dat s de rëm hei bass. Ech hoffen du has e gudde Start an dat neit Joer. Mäi Geschenk fir dech wäert sech duerch dëst ganzt Joer zéien. Ech schenken dir Opmierksamkeet a ville méigleche Formen. Dëst wëll ech duerch verschidden Alternativen, Iddien a Gedanke maachen. Ech hoffen dir bëssche Inspiratioun ze bidden. Opmierksamkeet ass en Training deen een sech lues a lues opbaut an deen iergendwann zu enger Liewensastellung gëtt. Opmierksam sech selwer géigeniwwer ze sinn, heescht no sech ze kucken, kierperlech mee och séilesch. Opmierksam duerch d’ Liewen goen heescht och sech d’ Welt duerch Kanneraen unzekucken. Op sinn mat alle Sënner. Wat bidd d’ Natur mir u Biller, Gefiller, Gerëch? Wann ech mat anere Leit schwätzen, héieren ech wat se soen? Interesséieren ech mech wierklech wat sie ze zielen hunn, wéi et hinne geet? Wat seet hier Kierpersprooch? Esou kéint een lo nach laang viru fueren. Ech denken dat wichtegst Element wann ee vun Opmierksamkeet schwätzt ass voll a ganz am Moment ze sinn an dee Moment och bewosst z’ erliewen.
Ech wëll dech lo och net einfach nëmmen hei zoutexten, mee dir eng éischt kleng Übung mat op de Wee ginn fir den 1. Schratt a Richtung Opmierksamkeet ze maachen.
Ech lueden dech heimat an dat ganzt Joer iwwer, deng perséinlech Glécksmomenter ze sammelen. Ech hu mir dofir 2 Saache gebastelt. An enger 1. Etappe hunn ech e klenge Säckelchen mat 12 Holzhäerzercher a menger Täsch. Des Häerzer hunn ech am Viirfeld bemoolt. All Kéier wann ech mech iwwer eng besonneg Situatioun freeën, eppes mech beréiert etc. huelen ech en Häerzchen a leeën dat op d’ Säit. Owes huelen ech déi Häerzercher rëm raus a ginn all Glécksmoment nach emol duerch. Ech fannen dat immens schéin well et mer d’Gefill gëtt de Moment nach emol z’ erliewen. Dëst kann een och erweideren an et als Famill, Partner, Frënn maachen an sech owes gemeinsam bei eng gutt Taass Théi oder Kaffi sëtzen an di Glécksmomenter austauschen. Selbstverständlech dierf een sech och eppes aneres raussichen fir an de Säckelchen. Kleng Steng, gedrëschent Bounen, Legostécker… Denger Phantasie sinn do keng Grenzen gesat.
Di besonneg schéi Glécksmomenter schreiwen ech mer op en Ziedel op a sammelen se an engem Weckglas, dat ech mer Sylvester 2020 schéin dekoréiert hunn. Sylvester 2021 hunn ech wëlles di gesammelt Ziedelen ze liesen an d’ Joer revue passéieren ze loossen.
Wann s du, wéi ech, Enn des Joer d’ Rauhnächte mat mëss, ass dat eng ganz gutt Geleeënheet fir déi Ziedelen dee Moment an engem feierleche Ritual ze liesen.
Mir liewen an enger schnelllieweger Gesellschaft an mat dëser Method erreeche mer direkt puer Saachen. Mir léieren Glécksmomenter erkennen, se ze genéissen an vläit stelle mer dann och fest, dass et eis vill besser geet wéi mer heinsdo mengen. Mir léieren eist Liewen rëm ze schätzen an gi méi liebevoll a respektvoll mat eis selwer, eise Matmënschen, der Natur etc. em.
A lo wënschen ech dir vill Spaass beim Glécksmomenter sammelen.
Marie-Jo