Léiw Lieserin, léiwe Lieser,
Nodeems ech der lo vu menger Formatioun verzielt hunn, wëll ech dir bëssen am Detail erklären wat Reiki ass a wéi dat fonctionnéiert.
Reiki ass eng japanesch Heelkonscht, bei där een duerch Handopleeën Kierper a Geescht mat Heelenergie optanken, an d’Selbstheelungskräfte aktivéiere kann. Bei där Heelenergie handelt et sech em eng spirituell an universell Liewensenergie.
“Rei” bedeit Séil, Geescht.
“Ki” bedeit Liewensenergie.
Wann ech enger anerer Persoun Reiki wëll ginn, leeën ech meng Hänn douce op sie op an sinn dee Moment de Kanal, deen déi Energie un di aner Persoun viru gëtt. De Reiki fléisst duerch mech bei deen aneren.
Ech ka mech nach ganz genau drun erënneren wéi ech mech gefillt hunn, souwuel wéi ech déi éischte Kéier Reiki empfaang hunn, wéi och, déi éischte Kéier wou ech de Kanal wor an engem aneren des wonnerbar Energie hunn dierfe schenken.
Wat ass dann lo rëm dee Kanal? An eisem Kierper leeft laanscht d’Wirbelsail e Kanal mat Energiezentren, den Chakren.

Um Bild gesi mer déi siwe Chakren déi deene meeschte Leit bekannt sinn. Et ginn der méi, mee fir eis geet dat do lo duer.
D’Chakre ginn vun ënnen no uewe gezielt. Deen ënneschten, de Wuerzelchakra, verbënnt eis mat der Äerd, deen ieweschten, de Krounechakra, mam Kosmos. Di restlech Chakren strahlen no vir an no hannen aus. Wann d’Chakren richteg fonctionnéieren, verwandelen se d’Frequenzen vun der universeller Energie op e Niveau dee fir eis perséinlech passend ass.
Wann déi Energiezentren, d’Chakren net méi richteg fonctionnéieren entsteet en Ongläichgewiicht. Blockaden maache sech unhand vu gesondheetleche Problemer siichtbar, Mat Hëllef vu Reiki ginn di Blockaden geléist an den Energiefloss gëtt ausgeglach.
Bei der Aweiung an den 1. Grad, gëtt dee Kanal opgemaach, sou dass de Reiki, die universell Liewensenergie, doduerch fléissen a weidergereecht gi kann.
Wann et engem Mënsch onangenehm ass, vun engem aneren ugepak ze ginn, huet een mat Reiki di wonnerbar Méiglechkeet, dat en och an der Aura vun enger Persoun wierkt. Dat heescht, ech muss deen aneren net onbedéngt upaken fir dat et wierkt. Ech bleiwen dann einfach puer cm iwwer dem Kierper. Wann een den 2. Grad bis huet, an domat hunn ech och schonn immens schéin Erfahrungen dierfe maachen, kann een déi Energie och op Distanz schécken. Mee dat erklären ech der an engem spéideren Bäitrag , deen sech dann méi intensiv mam 2. Grad befaasst.
Et gëtt och keng konkret Uweisung wéi sech Reiki ufille soll. Dat kann fir jiddereen anescht sinn. Ech spieren e Kribbelen a Wäermt. Et ginn awer och Leit déi guer näischt direkt spieren an dat ass och ok. De Reiki wierkt trotzdem.
Wichteg ass, wa mir eis gutt spiere wëllen, Kierper a Geescht an Aklang solle sinn. A wann dem net sou ass, kann ee mat Reiki wonnerbar dru schaffen fir dat Ziel z’erreechen.
Du kanns der lo gär bësse Gedanken iwwer dat Thema maachen a fir Froen dierfs de dech wéi ëmmer ganz gär u mech wenden.
Bis geschwënn
Marie-Jo