Reiki – Meng Formatioun

Léiw Lieserin, léiwe Lieser,

Wëllkomm zeréck! Huel der gemittlech Plaatz, a looss dech iwwerraschen vun dem wat ech der haut ze verzielen hunn. Ech stellen der gär Reiki vir.
A mengem Fall wor dat déi éischt Formatioun déi ech iwwerhaapt ugefaang hunn an ech wor direkt begeeschtert. Wann ech éierlech sinn, trefft de Begrëff “iwwerwältegt” et nach vill besser.
Ech ka mech nach genau erënneren wéi ech op déi Plaatz higefuer sinn. Mir wor scho bësse mulmeg. Vun der Haaptstrooss huet e Wee an e Bësch an der Géigend vu Miersch, ragefouert an ech duecht nëmmen “Wou fiers du hei hin? Solls de net léiwer emdréinen an de Weekend doheem bei denger Famill verbréngen? Soll ech hei an dee Bësch? Bei lauter Friemer?” Mee ech wor sou därmoossen ugezunn vun deem Bësch. Vu Meter zu Meter ass e méi schéi ginn. D’Liicht ass op eng besonneg Aart a Weis duerch d’Beem gefall. Déi Faarwen woren zauberhaft. Et wor och nach e bësse niwweleg. Ech hu mäi Radio ausgeschalt an d’Fënster opgemaach. Et huet herrlech do geroch an di Atmosphär huet mech komplett agewéckelt. Einfach nëmme schéin.

A sou sinn ech weider gefuer bis ech bei engem Chalet ukomm sinn. Ganz virsiichteg sinn ech do ragaange an hu mol an de Raum geluusst. Wow! Am Kamäin huet e Feier gebrannt, et wor schéin dekoréiert an et huet gutt no Räucherstäbercher geroch. Käerzen hunn dorëmmer gebrannt. Et woren dräi Dammen déi de Cours gehal hunn an éier ech mech ëmsinn hunn, gouf ech agelueden ran ze kommen, ech gouf wëllkomm geheescht, an den Äerm geholl an ech wousst “Hei sinn ech genau richteg”. Do wousst ech nach ëmmer net wat dann lo dee Reiki sou ass, mee dat sollt lo net méi laang op sech waarde loossen.
Nodeems mer all Plaatz geholl haten, koum eng kleng Virstellungsronn a scho goung et lass.
Ech hu Leit déi mir immens no stinn, déi ënner gesondheetleche Problemer leiden, a mäin éischt Ziel, bei all Cours deen ech beluecht hunn, wor ëmmer, dat ech eppes fanne wollt, wéi ech mengen Häerzensmënschen hëllefe kéint.
No etlechen Theoriestonnen an verschiddenen Aweiungen, sollt et dann zum prakteschen Deel kommen.
Mir hate Gruppe gemaach an ech gouf an eiser Grupp ausgewielt fir unzefänken. Mir sinn 100.000 Gedanken duerch de Kapp geschoss. “A wann ech dat net kann? A wann all di aner et kënnen an ech net? A wann deen aneren näischt spiert? Ech wäert mech jo lo net blaméieren…”
Mee d’Reikilehrerinnen hunn eis Mutt gemaach eis Onsécherheeten ofzeleeën an op eis ze vertrauen.
An tatsächlech. Ech hu mech selwer mol op mäin Otem konzentréiert fir zur Rou ze kommen, hu mech entspaant an mäi Kanal opgemaach. Ech hunn eng Wäermt gespuert duerch mech lafen an ech hu wéi selbstverständlech d’Hänn op meng Übungspartnerin geluecht. Meng Hänn hu gekribbelt, mir wor waarm, mee et wor einfach nëmme schéin. No dësem éischte Versuch huet meng Übungspartnerin verzielt wat sie gefillt huet an ech hat Tréinen an den Aen.
Reiki kréien wor fir mech genau sou schéin. Ech hunn et kribbele gespuert, et wor waarm, ech hu mech bësse wéi an engem Kokon gefillt. Iergendwéi geschützt an mat Léift emhüllt. A fiederliicht. Fir mech sollt et och net nëmmen bei där Formatioun bleiwen. Dat Joer duerno hunn ech den 2. Grad gemaach an den 3. Grad steet och nach op menger To-Do-Lëscht.
Méi iwwer d‘ Reiki-Heelmethod erzielen ech der am nächste Bäitrag


Marie-Jo