Aromatherapie

D’ Léier vun den Heelplanzen gëtt et wahrscheinlech schonn seit et d’ Mënschheet gëtt.
Deemools gouf sech mat Planzen auseneengesat, se beobacht, hier Heelkräfte erkannt, gereechert oder sou verschafft, dat een se anhuelen oder verreiwe konnt.
D’ Wëssen vun däer Léier gouf vu Generatioun zu Generatioun weiderginn.

Ech huelen dech mat op eng kleng Entdeckungsrees duerch d’ Welt vun den Dofter an Ueleger.

Fir Den Ueleg aus enger Planz ze zéien huet een eng Destilléiertechnik gebraucht. Déi éischt einfach Destilléiergeräter ginn op virun 5000 Joer zeréck. Di Technik gouf dunn vun ägyptesche Paschtéier verfäinert. Di Räich hunn déi Zäit gäer parfüméiert Dofter a Salwen benotzt.

Och bei der Abalsaméierung vun de Verstuerwenen, gouf, wéinst der antiseptescher Wierkung dovun, op ätheresch Ueleger zeréckgegraff.
D’Griechen an d’Réimer hunn ätheresch Ueleger net nëmmen fir Heelzwécker agesat. Sie hunn se och zu Kosmetik a Parfum verschafft.
Mat der Zäit huet sech och Destilléiertechnik weider entwéckelt. Dëst Wëssen huet säi Wee dunn och, no de Kräizzich an der Eroberung vu Spuenien duerch d’Araber, an Europa fonnt.

An de Kléischter goufen aromatesch Planzen ugebaut an zu Heelzwecker agesat.
D’Parfumsindustrie huet am 19. Joerhonnert säi groussen Opschwong erlieft. Allerdéngs koumen zu dem Zäitpunkt och synthetesch Dofter dobäi.

Am 20. Joërhonnert ass di medizinesch Verwendung vun Heelplanzen rëm no viir gedrong.
De Begrëff „Aromatherapie“ taucht di éischte Kéier bei de franséischen Wëssenschaftler Gattefossé an Valnet, op.

Et ginn 3 Methoden ätheresch Ueleger ze notzen.

Opnahm iwwer d’Otemweeër:

Ätheresch Ueleger ginn iwwer d’Schläimhaut an den Otemweeër opgeholl. Se stimuléieren och d’Gerochsrezeptoren am ieweschte Beräich vun de Nuësweeër, wouduerch d’Informatioun an dat limbescht System weidergeleet gëtt. Et entsteet souwuel eng physesch wéi och eng psychologesch Wierkung.

Wéi ginn ätheresch Ueleger iwwer Otemweeër ugewand?
Et kann ee se mat Hëllef vun engem Diffusor verdonsten, an e Raum oder och op Bettwäsch sprayen.
Ech verwenden ätheresch Ueleger a Käerzen, déi ech jo no Besoin selwer hierstellen. Dës Käerzen suergen fir Wuelfillmomenter, kënne bei Meditatiounen ugemaach ginn oder kënne benotzt ginn fir eng energetesch Schwéngung am Haus oder an engem Zëmmer hierzestellen.


Oral Einnahm:

Obwuel een eenzel Ueleger och oral anhuele kann, muss ee virsiichteg sinn, well et och gëfteg Ueleger ginn. Et dierf ee keng Ueleger anhuelen ouni virdru mat enger kompetenter Persoun (Apdikter, Dokter…) geschwat ze hunn.
Doséierung muss och onbedéngt genau respektéiert ginn.
Ätherech Ueleger kenne Verbrennungen am Mond ausléisen. Dofir sollt ee se niemools pur anhuelen, mee op engem Stéck Zocker, engem Tl Hunneg oder 1 Tl Planzenueleg.
Verschidden Ueleger kënnen och zum Verfäinere vun denge Kachrezepter agesat ginn.

Op der Haut:

Ätheresch Ueleger si lipophil, dat heescht, se si fettléislech.. Si dréngen duerch d’Epidermis an de verschiddenen Hautschichten a komme sou an di periphär Mikrozirkulatioun an an de Bluttkreeslaf.
Des Art ätheresch Ueleger ze notzen, wierkt besonneg schnell a laang op de Kierper.
Et kann ee se mat engem Trägeröl gemëscht zu Massageueleg verschaffen oder och an d’Buëdwaasser mëschen. Am Buëdwaasser setzt nach emol d’Verdonstung vum Ueleg an, wat sech positiv op d’Otemweeër auswierke kann.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert