Bachbléien

Léiw Lieserin, léiwe Lieser,

Haut wëll ech dech mat op eng Entdeckungsrees huelen an d’ Welt vum Dr Edward Bach a senge wonnerbare Bachbléien. Ech denken, déi meescht vun eis fale fréier oder spéider iwwer de Begrëff Bachbléien. Mee wat ass dat genau?
Fiewelzeg wéi ech sinn, hunn ech mech dann op de Wee gemaach an och do Coursen besicht. An ech kann der soen, ech hu net schlecht gestaunt. Do souzen Leit déi an Apdikte geschafft hunn, Infirmièren etc. Domat hunn ech nu wierklech net gerechent gehat.

Mee wann et eppes gëtt wat ech an de leschte Joere geléiert hunn, dann dass et, dat et wonnerbar wier, wann déi Medezin, sou wéi mir se kennen, mat natierleche Methoden wéi zum Beispill de Bachbléien zesumme schaffe kéinten. Firwat soen ech dat? Ma déi Fro beäntweren ech der direkt.
Wa mir de Kapp oder de Bauch oder soss eppes wéi hunn gi mer bei den Dokter. Do kréie mer dann eppes géint de Wéi an et geet eis hoffentlech schnell besser. Dat ass an enger 1. Etappe ganz gutt sou. Mir brauchen déi Hëllef ganz gewëss. Allerdéngs kann een dann bësschen méi wäit kucke goen a rausfannen wat den Ursprong vun dem Wéi ass, well de Wéi ass den Ausdrock vun eppes wat eis séilech belaascht an et ass eis vläit heinsdo mol guer net sou bewosst.
Mir si permanent ënner Stroum, këmmeren eis em eis Famill, lafen op d ‘Aarbecht an erfëllen do eis Pflichten, séier rëm heem, Hausaufgabe mat de Kanner, de Stot schmäissen a sou weider a sou fort. Munchereen huet e Partner deen engem ënner d’ Äerm gräift, anerer rëm net. An dem ganze Stress vum Alldag, hu mer verléiert an eis ran ze lauschteren a sech selwer ze froen “Ma wéi geet et MIR haut?”
Wa mäi Kierper a meng Séil net méi an Aklang sinn, kréien ech kleng Zeechen geschéckt. A wann ech éierlech sinn, wéi dacks denkt ee sech “Dat ass lo nit sou wëll. Ech bleiwen dach lo net mat dem klenge Kappwéi doheem. Wat soll de Chef vu mer denken? Di aner hale mech fir pipeg…” Also eng Pëllchen geschléckt a weider mam Jabel. Bildlech hunn ech lo eng Plooschter op eppes gepecht a vertrauen drop, dat et scho geet. Ech hunn zwar de Wéi gedéit, mee d ‘Ursaach ass nach do. De Kappwéi ass vläicht en Zeechen dofir dat ech mer ze vill opgelueden hunn. Oder ech schlofe scho puer Nuechten net gutt well ech Suergen hunn déi mer permanent am Kapp ronderëm kreesen. De Kappwéi ass e Signal, dat ech séilech, oder emotional, net am Gläichgewiicht sinn. Wann der Pëll hier Wierkung noléisst, kann ee sech virstellen, wéi wann een mat der Plooschter, de Roff rëm mat rofrappe géif an den Däiwelskrees geet virun. Vläit souguer méi hefteg wéi den Dag virdrun. Vläit gëtt de Kappwéi sou chronesch.

D’ Bachbléien brauche wuel e bësschen méi laang fir ze wierken wéi déi hallef Stonn déi d’ Pëll brauche géif. Mee d’ Wierkung hält méi laang un. D’Bachbléien bréngen eisen emotionalen Déséquiliber rëm an d’ Gläichgewiicht. An dëst op eng ganz douce Aart a Weis. Bachbléientinktur ass d’ Essenz vu verschiddene Bléien a Knospen, déi no der besonneger Methode vum Dr Edward Bach (1886-1936) gewonn ginn. Mee doriwwer zielen ech der déi nächste Kéier méi, versprach.
Wat interessant a mengen Aen ass, ass dat d’Bachbléien eng planzlech Behandlung ass, déi net ofhängeg mëcht, keng Niewewierkungen huet an trotzdem ëmmer rëm kleng Wonner bewierkt. Ech hu Famill, Frënn a Bekannten, déi am Ufank skeptesch woren an, fir se ze zitéieren, gesot hunn: “Oh, dajee alt. Wann et net schuede kann, hunn ech jo näischt ze verléieren” An ech kann der soen, sie hunn tatsächlech näischt verluer. Ganz am Géigendeel. Sie, an och ech, well ech huelen se selwer och, hu vill gewonnen. An zwar Liewensqualitéit. Well wann et mir gutt geet strahlen ech dat aus an dat wierkt sech och op mäin Ëmfeld aus.
Ech zielen der mol eppes, fir dir z’ illustréieren wat een zum Beispill erreeche kann. Mäi Meedchen ass 16 an hat bis viru Kuerzem nach eng Spannephobie. Virun 1 Woch huet hatt mat senger Bachbléiemëschung, déi ech him zesummegesat hunn, ugefaang. Gëschter souze mer beim Dësch, an hatt kuckt nieft sech op de Buedem an seet just “Do ass eng Spann”. Dat wor et. Hatt huet zwar d’ Féiss gehuewen fir dat sie him nit d’ Been rop krabbele sollt, jo…do hunn ech och geschmunzelt. Mee d’ Kierch ass am Duerf bliwwen. Hatt huet keng Kreesch gedoen, ass net opgesprongen a fortgelaf. Nee, hatt ass sëtze bliwwen an huet sech gefreet dat d’ Spann a meng Richtung geditzt ass. Et ass lo net esou, dass hat sech de nächste Weekend eng Spann als neit Hausdéier uleet, mee hatt koum laanscht d’Spann an d’Spann verdankt de Bachbléien och hiert Liewen, well se keng mat der Schlapp op den Deckel krut.
Ech konnt mat de Bachbléien enger klenger Maischen vun 10 Joer hëllefen, dat hatt sou vill Selbstvertrauen krut, dass hatt an der Schoul net méi ausgegrenzt gëtt an och mol “Nee!” soe kann, wann aner Kanner versichen hatt zu hirer Gonscht ze manipuléieren.
Ech wëll se lo net all hei opzielen, mee ech freeë mech ëmmer rëm, wann ech mat sou wéineg Opwand engem hëllefe konnt.
Et gi vill Beräicher wou déi 38 Bachbléien hëllefen. Vun Angscht iwwer Trauer, Konzentratiounsproblemer, Mangel u Selbstvertrauen… D’ Palette ass riseg.
Den Dr Bach huet se a 7 grouss Kategorien, je no Thema, agedeelt. Angscht, mat all hiere Gesiichter, Onsécherheeten, Mangel un Interessi bei dem wat ronderëm ee geschitt, Einsamkeet, Iwwerempfindlechkeet, Muttlosegkeet a Verzweiflung, an zu gudder Läscht, iwwerdriwwent Engagement fir seng Matmënschen
Wéi scho gesot, d’ Thema Bachbléien an den Dr Bach selwer, gräifen ech spéider nach emol op. Mee wann s du lo scho Froen hues oder meng Hëllef brauchs, mell dech gär bei mir.
A bis dohin soen ech lo mol tschüss a pass gutt op dech op.

Marie-Jo

Bach Centre Mount Vernon