Häerzlech Wëllkomm bei Fiederliicht
Ech freeë mech dat s du de Wee bei mech fonnd huës. Vläit kenne mer eis schon a wann net freeën ech mech dech kenneléieren ze dierfen an e Stéck vu mengem Wee mat dir ze goen. Ech heesche Marie-Jo,si bestuet an si Mamm vun 2 Teenager.
Viru puer Joër sinn ech an eng Situatioun komm déi dozou gefouert huet dat ech mech op eng grouss Entdeckungsrees gemaach hunn. Et huet deemools alles mat Chakremeditatioun ugefaang. Ech gouf an e léiwe Grupp opgeholl an ech hunn festgestallt…dat deet mer gutt. Mir woren eng reng Dammegrupp a wéi mir dann sou sinn, gouf sech do och vill ausgetosch a geschwat. Do si Wieder gefall wéi Reiki an Energieaarbëcht, Heelung. Ech hat d’Gefill dat Eenzegt ze sinn dat nit woust em wat et do goe géif. Mäi Fuewelz ass vun Treffen zu Treffen enorm gewuëss an ech hunn ugefaang ze liesen, Erkläerungen ze froen an ze recherchéieren. Ganz schnell wor kloer dass dat theoretescht Wëssen mir definitiv net duer geet. Also hunn ech mech op d’Sich no Couren gemaach. Ech wäert dir am Laf vun der Zäit e besschen vun deene Couren, mengen Erfahrungen etc verzielen an dir déi verschidden Themen e wéineg erkläeren.
Meng 1. Statioun deemools wor e Reikicours, gehal an dem, zumindest menger Meenung no, schéinste Bësch an engem Chalet. Et wor den Ufank vun enger phantastescher, a wéi ech sou gäer soen, magescher Rees. Ech schwäetzen do net vun Zauberei. Et ass dat Gefill dat ech do hunn dierfen erliewen. Di Léift déi ech do hunn dierfe spieren an engem Krees vu Mënschen déi ech do virdrun nach nie gesinn hunn wor, an ass ëmmer nach, iwwerwältegend.
Ech freeë mech ganz besonneg driwwer, dat ech léif Mënschen hunn dierfe kenneléieren, déi mech agelueden hunn de Wee mat hinnen zesummen ze goen en ech sinn immens dankbar dofier.
Voilà, wann ech dech fuewelzeg gemaach hunn lueden ech dech häerzlech an der et hei bequem ze maachen, ze stöberen an villäicht e Stéck vum Wee matzegoen. An wann s du Froen huës kanns du dech gäer bei mir mellen.
Nach eemol, Häerzlech Wëllkomm bei Fiederliicht! Ech freeë mech dat s du do bass.
Marie-Jo
