Reiki – E puer Anekdoten

Léiw Lieserin, léiwe Lieser,

ech verzielen der jo och ëmmer gär vu menge perséinlechen Erfahrungen. Ech wäert der trotzdem just zwou Geschichten bësse méi am Detail verzielen, well ech se perséinlech léif awer och witzeg fannen. Ech hoffe just, dat no dem Bäitrag, mäi Mann sech net vu mir scheede léist. Nee, klenge Spaass.

Mäi Mann ass schonn ëmmer bësse skeptesch wann ech no Formatiounen verzielen wat een alles mat deene verschiddene Methoden erreeche kann. Des zwou Anekdoten si wierklech sou heiheem geschitt. Déi eng Kéier wollt mäi Mann mat eise Kanner de Gaart nei gestalten. Doduerch dat en 2 Joer wéinst gesondheetleche Problemer, net vill kierperlech schaffe konnt, wor vill ze maachen. Et sollt also alles raus, alles nei ugeluecht ginn, mat Rollrasen etc. Moies wéi en opgestan ass, no puer Deeg Aarbecht wuel verstan, hat en zimlech hefteg de Knéi wéi. Ech sollt awer an enger halwer Stonn a meng Formatioun fir den 2. Grad am Reiki ze maachen. Wat en Zoufall, ne?! Mir souzen nach wéineg zesummen um Canapé an ech sot e sollt säi Been mol iwwer meng Been leeën an ech hunn ugefaang him Reiki op de Knéi ze ginn. A sou ass dann uschléissend jiddereen senge Beschäftegunge nogaang. Meng dräi Léifst an de Gaart an ech a meng Formatioun. Owes koum ech dun heem an ech hu gefrot wéi et mengem Mann goe géif. Ech weess jo, dat Aarbecht bei him ëmmer mat kierperlechem Wéi verbonn ass. An hien grinst mech just un a seet näischt. Ech hunn dunn nach emol gefrot an hien äntwert mer:

„Ech hunn alles sou schrecklech wéi… Alles ausser…“

„Ausser??“

„Ausser mäi Knéi!!“

Ech muss zouginn, do hunn ech wierklech misse schmunzelen.
Déi zweet Anekdot ass och mat mengem Mann. Maach der keng Gedanken, ech dierf dat schreiwen…
Also, mäi Mann hat deen Dag Plaatz op menger Brëtsch geholl an ech hunn him eng grouss Reikibehandelung gemaach. Also emol de ganze Kierper, net nëmmen de Knéi wéi déi leschte Kéier. Meeschtens ass hien bei de Behandelungen sou entspaant dat en aschléift. An sou hat ech dat déi Kéier och gemengt. Ech duecht e schléift. Ech hunn en dunn ganz douce wollten erwächen an hien huet mer gesot, en hätt sech net getraut ze wibbelen, well e gefaart huet, dat Téiliicht wat ech him op d’Stier gestallt hätt, géif roffalen. Ech hu mol gutt gestaunt well ech hunn nach nie engem Mënsch brennend Käerzen op de Kierper gestallt. Mee hien wollt mer dat net gleewen. E wor iwwerzeegt dovun, dat ech him en Téiliicht op d’Stier gestallt hätt.
Nee, dat wor et wierklech net. Et wore meng Hänn an d’Energie huet an dem Beräich zimlech vill geschafft. Ech muss dozou soen, dat hien zu där Zäit och vill mat Kappwéi geplot wor an dat de Grond wor, wisou hien déi Energie sou vill an dem Beräich gespuert huet.
A wann ech lo däi Fuewelz gekëddelt hunn oder du stells der Froen, da kanns du dech, wéi ëmmer gär bei mir mellen.

Bis demnächst
Marie-Jo